Berodung a Begleedung

mini entspanen
 
mini entspanen
 
mini entspanen
 

Op de Welle vum Liewen reide léieren, bedeit a och a stiermeschen Zäiten léieren roueg a geloossen ze bleiwen, bedeit déif am Banneschten a Sécherheet ze sinn, sech selwer steiere kënnen an net méi gedriwwe ginn, depressiv Phasen, Angscht oder schmärzvoll Liewensphasen ze packen a sech vertrauensvoll an zouversiichtlech op sech selwer aloossen, bedeit Gedanken ënnert Kontroll ze halen, bedeit Gefiller an Emotiounen zouzeloossen a se geréiere léieren.

Beim éischten Termin beschwätze mer Äert Uleies an Är Symptomer .
Ech schaffen Iech e perséinleche Programm aus a proposéieren Iech verschidden Methoden an Übungen un Är Virléiften ugepasst.
Dir kritt Informatiouns-skripter mat, perséinlech Skripter mat Übungen an Dir bestëmmt de Rhythmus an de weideren Verlaf.
Ech passe meng Ënnerstëtzung a Begleedung zu all Ament Äre perséinleche Wënsch a Virstellungen un.

Eng Sëtzung dauert tëscht enger Stonn a maximal 90 Minutten.

Audiodateien a perséinlech Skripts jee no Wonsch.

Audiodateien
Perséinlech Skripter

 

 

Perséinlech Berodung a Begleedung a folgende Beräicher:

  • Perséinlech Berodung an Ënnerstëtzung
  • Stressgestioun
  • Ëmgang mat Emotiounen, Nervositéit , Ängschten, depressiv Verstëmmung, Aggressioun, Panikattacken
  • Kierperlech Symptomer wéi Muskelverspanungen, Mo- an Darmstéierungen, Schlofproblemer
  • Burnout -a Bore-out-Gefoer an depressiv Verstëmmungen
  • Ëmgang mat Schmäerzen, Krankheet, Behënnerung
  • Schwangerschaftsbegleedung
  • Trauerbegleedung
  • Vermëttlung vun medezineschen Entspanungstechniken- an Regeneratiounstechniken, Sophrologie ( ganzheetlecher Relaxatioun )
  • Mentaltraining, Ressourcen- an Resilienztraining
  • Konzentratiouns-a Motivatiounssteigerung
  • Bewosstsinnstraining a Gedankekontroll
  • Meditatiounen : Meditatiounsvermëttlung an geféiert ugepassten Meditatiounen
  • Achtsamkeetstraining ( mindfulness)
  • klinesch a kreativ Hypnosuwendungen
  • Selbsthypnos-Uleedung
  • Supervisioun fir Léit am sozio-edukativen Berufsfeld

 

Ergänzend zu den Terminer an den Entspanungswellen proposéieren ech :

Skype Coaching
Email Coaching

 

Meng Begleedung an Ënnerstëtzung ersetzt zu kengem Moment weder eng medezinesch nach eng therapeutesch Behandlung, awer versteet sech ergänzend.

 

Termin ofsoen:
Kënnt Dir Ären Termin net anhalen, sot e wannechgelifft 48 Stonnen am Viraus of.
Ouni Ofso erlaben ech mer Iech 50% vum Honoraire a Rechnung ze stellen.

 

mini entspanen
 
mini entspanen
 
mini entspanen