"Votre conscience est la seule chose qui soit éternellement vraie. Et si vous pouvez apporter votre conscience dans le présent, vous ne pouvez pas vous tromper." |
Bewosstsinnstraining
Bewosst am Moment ze sinn, de Kierper an all d’Emfannen hei wouerhuelen a respektéieren, also drop agoen; all Emotiounen zouloossen, näischt verdrängen ass ass wéi e mentalen Fitnessprogramm fir dass d’Liewen net einfach passéiert, fir net ausgeliwwert ze sinn a fir all di kleng Momenter an hirer Wichtegkeet an Eenzegaartegkeet ze schätzen. Eng Erausfuerderung fir bewosst ze (er)liewen wat grad stattfënnt, alles wat Liewenszäit ass, a sech net méi am Maachen ze verléieren ouni e Bezuch zu sech selwer ze hunn, bedeit eng Wendung vum Opfergefill zur Selbstschaafung vum Liewen.
All dat ass Bewosstsinnstraining a bréngt Stress, Ängschten, Zweifel, Suergen , Sënnlosegkeet zum Verschwannen. Mat eisem bewosst gelenkten Denken beaflosse mer eist kierperlecht Befannen an beaflosse mer eist Sinn, eist Liewen a veränneren esou Negatiivt zum Positiven mam Zil selbstbewosst, glécklech, geloossen, lieweg a fräi ze sinn.
An dësem Programm :
Otemerfahrungen an Otemübungen
den Zesummenhang tëscht der Ootmung, dem Kierper an de Gedanken wouerhuelen an en Afloss op des Zesummenhäng erfueren a geziilt asëtzen.
Kierperbewosstsinn
sech senger Haltung, Mimik, Kierpersprooch, Stëmm, Uspanungen, Verspanungen, Schwäerzen bewosst maachen an Ännerungen aleeden.
Gedankebewosstsinn
Gedanken wouerhuelen a léieren se ze steieren an ze kontrolléieren -Gedankestopp a Gedanken regléieren
Emotiounsbewosstsinn a Gefillsregulatioun
Mat Ënnerdréckung vun emotionaler Wahrnehmung a vu Schmäerz an alles wat mer net spiere wëllen schalten mer of vun deem wat an eis stattfënnt. Sécher ass dëst ëfters néideg awer permanent all des Gefiller net wouerzehuelen huet Laangzäitfolgen op d'Zellfunktioun, op d’Gesondheet, an d’Fähegkeet Gléck ze erliewen, a féiert oft zu Depressioun, zu Angschtattacken, zu Stress a Krankheeten.
All des negativ Gefiller wëllen “ge-fillt “ ginn, brauchen e Ventil no baussen well se sech soss op d’Dauer am Bannen a Form vu Krankheet weiderentwéckelen.
Resourcentraining
Et ass wichteg bewosst schützend a fërdernd psychesch Kompetenzen an Handlungsfähigkeeten z’entwéckelen fir Situatiounen an onangenehm Aflëss ze reduzéieren, also all di benotzbar Energien asëtze léieren fir seng eegen Ziler ze erreechen.
Dëst kann ass op verschidden Niveauen ze trainéieren:
- op der Ebene vu de Verännerungen am eegene Verhalen
- um Niveau vun den eegenen Fähegkeeten, Stäerkten a Strategien
- um Niveau vu den perséinlechen Astellungen a Glaawenssaetz
- um Selbstwäertgefill
Mentaltraining
Mentalen Training fir Strategien a Fähegkeeten ze entwéckelen fir mat Stress, negativen Emotiounen, negativen Gedankegewunnigten ëmzegoen an se a positiv Wäerter ëmzewandelen.
Mentalen Training schafft mat Virstellungsübungen (Visualiséierungen, Imaginatiounsübungen) an ass eng geeschteg Übung fir sech virzestellen
wéi een an enger bestëmmter Situatioun denken, fillen an handele wëllt.
Hei ass et néideg virdrun e puer Entspanungsübungen ze maachen fir dass de mentalen Training gräife kann a hei kann een och negativ Selbstgespréicher duerch positiver ersetze léieren.
M.T. fërdert:
- sozial an emotional Kompetenzen
- kognitiv Fähegkeeten
- Belaaschtbarkeet
- Selbstbewosstsinn
- mental Stäerkt a Wëllensstärkt
- perséinlecht Wuelbefannen
- Toleranz zur Frustratioun
D’Entspanungswellen komplettéieren mentalen Training mat geféierten mentalen Affirmatiounsreesen.
Resilienztraining ass séilesch Widderstandskraaft a Selbstschutz unzetrainéieren a sech stäerken am Ëmgang mat Stress, Belaaschtung a Krisen. Esou ass een da besser ausgerüst fir schwiereg Erausfuerderungen a Problemer ze meeschteren an esouguer domadder ze wuessen, sech besser berufflech a privat ze entwéckelen, seng Energie produktiv asetze léieren an di eegen Grenzen léieren anhalen an ëmmer op e Neies Kraaft a Rou fannen.
All Wee zu enger perséinlecher Weiderentwécklung fir Verännerungen a sengem Liewen brauch eng gutt Portioun u Courage an u Gedold .
Di bannescht Erkenntnisser a Prozesser féieren zu enger besserer Konfliktiwwerwannung souwuel am Beruff wéi och am Privaten.
Duerch dat eegent Gläichgewiicht wiisst och e gutt Gespier fir Mateneen Liewen, fir Toleranz a Kreativitéit ouni Ausenanersetzungen.
Entwécklung zu méi Bewosstsinn, e Bewostsinnstraining op villen verschiddenen Ebenen ass e Schlëssel zum Gesondginn a vum Heel-ginn.
Duerch genaut Nolauschteren an Unerkennen vun den eegene Bedürfnisser geet eng Dier op fir déifgräifend Gläichgewiicht am Sinn, mam Resultat dass Geloossenheet, Wuelbefannen, Souveränitéit a Gléck wierklech ze léiere sinn.