photo poteau oiseaux

Ganzheetlech Entspanung - Sophrologie

  • Stressbewältegung
  • Stäerkung vum Immunsystem
  • Fërderung vun der Konzentratioun
  • Stäerkung vum Selbstwäertgefill
  • Ofbau vun Uspanungen
  • Kreativitéit fërderen

Entspanen bedeit Konzentratioun eleng op sech selwer, ass bei sech ukommen a gutt a senger eegener Mëtt sinn fir en Ofstand ze kréien vun alle Suergen a Problemer, och vun allen kierperlechen Manifestatiounen wéi Verspanungen a Schmärz fir dann mat neier Energie en engem anere Bléck op sech an op d'Liewen Verännerungen alueden ze kënnen a sech Wuelbefannen astelle kann. Entspanung zouloossen ass Lassloossen a bréngt Befreiung.

Ech vermëttelen di medezinesch Entspanungstechniken kombinéiert mat villen prakteschen Übungen, virun allem och Otemübungen, mat Iddien zur Stressbewältigung an Übungen zur Selbstwahrnehmung: de Kierper mat all senge Bedierfnisser, all sengen Empfindungen oder Mëssempfannen a Schmärz wouerhuelen, unhuelen a geschéieloossen fir dann kënnen lasszeloossen.

Entspanung kann op verschidden Aart a Weis iwwert de z.B. Kierper (Ootmung a Muskelen) oder iwwert de mentale Wee a Form vu Gedanken ageleet ginn.
Dofir gëtt tëscht Kierperlechen a mentalen Techniken ënnerscheet.

Et ass ëmmer Konzentratioun an der Géigewaart, an den Ënnerscheed tëscht Uspanung an Entspanung erliewen an dann e Gläichgewiicht fannen, nei Energie kréien, ofschalte léieren oder och schrëttweis eng wëssenschaftlech fundéiert Method vun der Selbstentspanung anueben:

Autogenen Training ass en Entspanungsprogramm zentréiert op di mental Ebene. Et ass konzentrativ Selbstentspanung, eng Method déi vum Psychiater Dr Schultz schonn 1928 entwéckelt gouf a wëssenschaftlech als wierksam bewisen ass.
Si wierkt autosuggestiv an erméiglecht ganz schnell an eng ganz déif Kierperentspanung ze kommen, d’Gedanken ënner Kontroll ze halen, also de Kierper an de Geescht ze entspanen an dëst an all Situatioun : et kann een jidderzäit op den Autogenen Training zréckgräifen an och an all Situatioun vum Liewen ...
Allerdéngs brauch et am Ufank vill Training an Ueben ( iwwert etlech Wochen ) bis am Gehir di néideg Nervebunnen ugeluecht sinn an esou d’Kraaft vun de Gedanken wierke kann. Dofir ass den Autogenen Training am beschten präventiv ze léieren.

Innovativen Autogenen Training
Else Müller, eng Pädagogin aus Däitschland, huet an der Zesummenaarbecht mat Wëssenschaftler eng Kuerzform vum Autogenen Training entwéckelt mat Abannen vu Biller a vun der Fantasie déi op eng spilleresch Aart a Weis vill méi schnell ka geléiert ginn. D’Formelen ginn mat Wuertbiller verbonnen an esou kennt een an eng eege Billerwelt wou een entspanen an sech erhuelen kann, Stress ofbauen an den Immunsystem stäerke kann.
Den Innovativen Autogenen Training ass besonnesch fir Kanner ze empfehlen a fir Léit déi Fantasiereesen gären hunn an schnell zum Ziel komme wëllen.

Progressiv Muskelentspanung no Jacobson
ass eng Entspanungstechnik zentréiert op di kierperlech Ebene a gouf an den 20 er Joren vum Dr Edmund Jacobson entwéckelt .
Et ass eng Entspanungstechnik déi iwwert de Wiessel vun Un-an Entspanung vun verschiddenen Muskelpartien relativ schnell e kierperlechen an och e mentalen Entspanungszoustand erreecht. Si féiert och zu engem besseren Kierperbewosstsinn, beaflosst Ootmung, berouegt de Bols, harmoniséiert de Bluttdrock a verbessert d’Duerchbluddung.
Am séilesche Beräich ginn Ängschten an Ierger duerch Rou a Geloossenheet ersat an d’Konzentratioun verbessert sech.

An der Sophrologie wenden ech di Progressiv Muskelentspanung oft un als Ergänzung a kombinéiert mat Otemübungen a mentaler Virstellungskraaft a Kierperenergieübungen.

Des zwou wäertvoll Techniken sinn gutt Preventiounsmoossnahmen a wierken effektiv géint Stress. Allerdéngs wann d’Symptomer schonn relativ ausgepräagt sinn, ass et ze schwéier se als Anti-Stressprogramm ze léieren kënnen awer gutt als Entspanungsübungen ugewannt ginn.

Fantasiereesen
Virstellungskraaft notzen bedeit onendlech Ressourcen fräisetzen, eppes veränneren an der Virstellung, e Gedanken, eng Emotioun, kann och eng Verännerungen am Liewen bedeiten.

Fantasiereisen si geféierten Dagesdreem wou Erwuessener wéi och Kanner léieren an der Fantasie eng Virstellung z’entwéckelen an z’associéieren fir Problemer ze léisen an Ziler ze erreechen.
Hei ginn virun allem déi Beräicher am Gehir aktivéiert, déi fir bildlecht Denken an Kreativitéit zoustänneg sinn.
Si bauen Stress of an hëllefen e bannescht Gläichgewiicht hierzestellen