Hypnos
Et ass ganz interessant eng Method ze hunn, wou een all dat aktiivt a bewosst Schaffen u sech fir Verbesserung, fir Heelung, fir seng Problemer a de Grëff ze kréien, kann ënnerstëtzen op eng douce a gläichzäiteg intensiv Aart a Weis an déi am Ënnerbewossten geschéie kann.
Mat Hypnos stellt een eng Verbindung hier mat deem Deel iwwert deen mer keng Kontroll hunn am Alldag, wou Virgäng am séileschen an am kierperlechen gestéiert ginn ouni dass mer des kënne beaflossen.
An der Hypnos entsteet eng Kommunikatioun mat dësem onbewossten Deel an eisem Gehir an Emprogramméierung gëtt méiglech.
Hypnos kann keng Wonner vollzéien awer et kann wéi e Motor sinn deen ënnerstëtzt fir besser a méi schnell Ziler ze erreechen fir Verännerungsprozesser- an Heelungsprozesser um Niveau vum perséinleche Wuelbefannen a Gang ze bréngen a fir ënnerlech Wonschziler ze erreechen.
Hypnotesch Trance an dëser Form vun Hypnos ass en agreabelen an entspaanten Zoustand, wou d'Bewosstsinn an engem verännerten Zoustand ass. Dëst erlaabt et dem Ënnerbewosstsinn dann d'Féierung ze iwwerhuelen an eppes ze léisen wat de Verstand, d'Bewosstsinn net kann.
Et verléiert een zu kengem Moment d'Kontroll iwwert sech selwer, an et geschitt näischt géint engem säi Wëllen !
Et ass och näischt onheemlech an huet näischt mat Showhypnos ze dinn!
Hypnos ass also eng Form vun déiwer Entspanung, wou positiv Visualisatiounen an Suggestiounen kënnen am Ënnerbewossten wierken an do Blockaden an negativ Emotiounen opléisen.
Entspanungswellen Hypnosen sinn inspiréiert vun der klassescher Hypnos, der Hypnos no Milton Erickson an der Moderner Hypnos. All Uwendungen sinn individuell adaptéiert u perséinlech Wënsch, Erwaardungen an Objektiver, un di perséinlech Geschicht an Interessen.
Et ass kreativ Hypnos mat Heelwirkung
- fir Déiftenentspanung bei grousser Onrou an extremem Stress
- fir Selbstléift a Selbstvertrauen
- fir Perséinlechkeetsentwécklung a Problemléisung
- fir Opléisung vun ënnerleche Blockaden
- fir Motivatiounssteigerung a méi Selbstbewosstsinn am Studium, Beruff oder am Sport
- bei Schlofproblemer
- Ënnerstëtzung fir mam Fëmmen opzehalen
- Ënnerstëtzung bei falschem Iessverhalen
- bei Ängschten a Panikattacken
- bei Schmärzen a bei chroneschen Schmärzzoustänn
Hypnos kann den Ëmgang mam Schmärz verbesseren, eng Distanz zum Wéi hierstellen an d'Selbstheelungskräften aktivéieren an esou an den Heelungsprozess ënnerstëtzen.
All des Hypnos-Uwendungen ersetzen weder eng medezinesch nach eng therapeutesch Behandlung; kennen awer gutt komplementär, ënnerstëtzend an ergänzend esou wéi och virbereedend zu medizinesch-therapeuteschem Traitement sinn.