Erzéiungsberodung a Begleedung fir Elteren mat Kanner ab 4 Joer

Heelpädagogesch Elterenberodung
a Form vu Gespréich, Beobachtung vum Kand,
Kooperatiounsseancen mat Elteren a Kand,
Nofolleggespréich mat Oofschlossbericht.

Wat ass d’ZIL:

  • En Erfahrungsraum schafen fir Kanner a Begleedung vun engem Elterendeel, ouni Afloss an Drock vun der Mediewelt, de Computerspiller an dem Handy
  • Konzentratioun verbesseren
  • eng Bezéiung mat sech selwer agoen, di eegen Stäerkten kenneléieren an e gudden Ëmgang mat Gefiller kréien.
  • D’Kanner léieren Strategien fir mat hirem Stress eens ze ginn, hiren Drock an hir Onsécherheeten ze kanaliséieren, Emotiounen zouzeloossen an se gutt gereegelt kréien, an si léieren d’Freed, d’Motivatioun an d’Gléck anzelueden an hir Intuitioun ze entwéckelen.
  • Selbstvertrauen a Selbstwäertgefill entwéckelen
  • An engem geféierten spillereschen Ëmgang mat den Elteren léieren béid Partner eng verbessert Kommunikatioun, en achtsamen Ëmgang mateneen wou all Gefiller dierfen eng Plaz hunn.
  • Veraarbechten vun Erlieftem
  • dem Kand säin Potential entdecken an fërderen, Freed a Kreativitéit entdecken, Leeschtungsdrock ofbauen,
  • Schoulangscht an aner Ängschten iwwerwannen, sou wéi Nervositéit a Wibbelegkeet.
  • op de Kierper agoen mat der Akzeptanz vu Schwächten, Problemer a spezifeschen Bedürfnisser.

Wéi?
Mat ganzheetlechen, villsäitegen Konzentratiouns-an Entspanungsübungen, Übungen zum Kierperschema a Kierperbewosstsinn, Rollespiller, Partnerübungen, Otemerfahrungen an éischt Meditatiounen, gelenkten Imaginatioun an ugepassten Fantasiereesen

 

bande enfants