Meditatioun
Meditatiounspraxis mat Regelméissegkeet ausgeüübt féiert zu neuronale Verännerungen vun de Synapsen am Gehir an aktivéiert déi Regiounen déi fir Opmierksamkeet,Gediechtnes, Léieren, fir Emotiounsregulatioun a fir Kierperwahrnehmung verantwortlech sinn.
Esou entsteet als Wierkung Entspanung a Verännerungen am Verhalen an am Denken.
Meditatioun bedeit zentréiert am Moment sinn, bewosst am Präsenz sinn.
Meditéieren bedeit Gedold üben, Wäertschätzung an Dankbarkeet ausdrécken, Matgefill a Selbstmatgefill empfannen.
Et ass e Wouerhuelen ouni Verdrängung an ouni Awierken, ouni Erwardungshaltung an ouni ze uerteelen.
Aus der Beobachterroll an aus der Distanz zu Kierper, Otem , Gedanken an Emotiounen entsteet Akzeptanz, Dankbarkeet an d’Méiglechkeet zu Verännerung zum Gudden, zu Heelung.
Entspanungswellen - Meditatiounen:
- Stëll- a Bewegungsmeditatioun op Ootmung a Kierper
- Meditatioun mat Suergen, Gefiller, Schmäerz
- Meditatioun mat Ängschten
- Achtsamkeetsmeditatioun
- Heelmeditatiounen
- Uleedung zum meditéiere léieren
Wëssenschaftlech nogewisen wierkt Meditatioun op:
- den Immunsystem an d’Gesondheet
- géint de Stress
- d’Verbesserung vu Wuelbefannen
- d’Konzentratiounsfähigkeet
- de Verhalt
- Selbstgestioun
- Geloossenheet an ënnere Fridden
- d’Regeneratioun vum Nervesystem
- Schmäerzen
- Denkmusteren
- Migräne, Kappwéi
- depressiv Verstëmmung
Besonnesch gutt erfuerscht ass d’Achtsamkeetsmeditatioun:
D’Grondprinzipien entsprangen der buddhistescher Meditatiouns-Traditioun, awer Achtsamkeet ass lassgeléist vun der Relioun a gëtt a Stressbewätigungsprogrammer ugewannt : dem MBSR “mindfulness based stress reduction”. Den amerikaneschen Neurobiolog a Stressfuerscher Jon Kabat Zinn huet dësen Training entwéckelt fir chronesch Schmäerzpatienten an och fir Präventioun zu Depressiounen.
Wann een de séilesche Widderstand kann opginn a Schmäerz zouléisst, kann Leiden ophalen!
Meditatiounen an den Entspanungswellen sinn onofhängeg vun Relioun, Kultur an Ideologie.