![]() |
||
|
Philosophie
"Man kann beim Wellenreiten soviel lernen, zum Beispiel, wie lange man manchmal warten muss, um das zu erreichen was man will, oder dass die besten Dinge im Leben nichts kosten”
aus Die Botschaft des Meeres, Sergio Bambaren
Zentral a mengem Liewen an a menger Aarbecht ass perséinlech Entwécklung.
Als Heelpädagogin erliewen ech all Dag, dass Entwécklung ëmmer méiglech ass, och wann d’Bedingungen net esou optimal sinn.
Oder grad dann, wann d’Emstänn dozou bäidroen, dass sech eppes ännere sollt !
Hei bidden ech Jidderengem meng Ënnerstëtzung un fir weiderzekommen, fir Kraaft a Vertrauen ze entwéckelen, fir Méiglechkeeten ze fannen eppes zum Besseren ze veränneren, fir duerch schwiereg Phasen ze goen, fir séilesch Widderstandskraaft opzebauen, fir ze léieren sech selwer unzehuelen, fir besser mat Stress ëmzegoen an esou säi Liewen a seng Gesondheet an d’Hand ze huelen.
Mat der Schwäizer Ausbildung zur Heelpädagogin a enger laangjäreger Beruffserfahrung begéinen ech Iech an enger holistescher, ganzheetlecher Approche mat Respekt an Empathie fir zesumme mat Iech Léisungen a Verbesserungen ze fannen, fir Äert Wuelbefannen a fir Ären Heelungspotential ze fërderen.
Heelpädagogik heelt net am Sënn vun Ewechmaachen vu Symptomer, Krankheet oder Behënnerung, awer dee wäertschätzenden a matfillenden Ëmgang mat sech selwer féiert zum Heelsinn, am Sënn vun Akzeptanz vu sech a léiert Fähegkeeten ze entwéckelen fir sech selwer unzehuelen an e gläichwäerteg Liewen ze féieren mat deem wat sech ubitt. Dat bedeit also Krankheeten oder Problemer begéinen ze kënnen ouni dass Leiden weider besteet.
Et besteet kee Kampf géint ....mee e wierdegt Liewen mat.......esou dass dann Verännerungen zum Gudden, zum Heel entsoe kënnen.
Heelpädagogesch Begleedung an Ënnerstëtzung fir wien ?
Fir Jiddereen, deen u sengem Wuelbefannen schaffe wëllt an a schwieregen Liewensbedingungen stécht a professionell Begleedung notze wëllt:
- Jugendlecher ab 12 Joer
- Erwuessener