Meng Offer

Berodung a Begleedung

Op de Welle vum Liewen reide léieren, bedeit a och a stiermeschen Zäiten léieren roueg a geloossen ze bleiwen, bedeit déif am Banneschten a Sécherheet ze sinn, sech selwer steiere kënnen an net méi gedriwwe ginn, depressiv Phasen, Angscht oder schmärzvoll Liewensphasen ze packen a sech vertrauensvoll an zouversiichtlech op sech selwer aloossen, bedeit Gedanken ënnert Kontroll ze halen, bedeit Gefiller an Emotiounen zouzeloossen a se geréiere léieren.

No engem éischte Gespréich , proposéieren ech Iech verschidden Methoden perséinlech un Iech ugepasst, zesummen fannen mir de Wee zu Ärem Wuelbefannen.

Eng Sëtzung dauert tëscht enger Stonn a maximal 90 Minutten.

fir wien:

  • Jugendlecher ab 12 Joer
  • Erwuessener

Uwendungen :

  • Stressgestioun
  • Ëmgang mat Emotiounen, Nervositéit , Ängschten, depressiv Verstëmmung, Roserei, Panikattacken
  • Kierperlech Symptomer wéi Muskelverspanungen, Mo- an Darmstéierungen,
  • Schlofproblemer
  • Burnout an depressiv Verstëmmungen
  • Ëmgang mat Schmäerzen, Krankheet, Behënnerung
  • Schwangerschaftsbegleedung
  • Trauerbegleedung

ugewandte Methoden :

  • Vermëttlung vun medezineschen Entspanungstechniken, Regeneratiounstechniken, Sophrologie ( ganzheetlech Relaxatioun )
  • Mentaltraining, Ressourcen- an Resilienztraining
  • Konzentratiouns-a Motivatiounssteigerung
  • Bewosstsinnstraining a Gedankekontroll
  • klinesch a kreativ Hypnosuwendungen
  • Selbsthypnos-Uleedung
  • Meditatiounen : Meditatiounsvermëttlung an geféiert ugepassten Meditatiounen
  • Achtsamkeetstraining ( mindfulness)

Meng Begleedung an Ënnerstëtzung ersetzt zu kengem Moment weder eng medezinesch nach eng therapeutesch Behandlung, awer versteet sech ergänzend.

Termin
Kënnt Dir Ären Termin net anhalen, sot en 24 Stonnen am Viraus of , ansonsten gëtt en zu 50% a Rechnung gestallt.

WEIS-WEBER EVELYNE
+352 621 458616
www.entspanungswellen.lu

2023 © – Websäit realiséiert vun www.web-crea.lu